homestyling


 
Mir recommandéieren den Homestyling jidderengem,
dee gréisser Ännerunge a sengem Doheem plangt
an eng neutral Persoun brauch, déi him Rotschléi ka ginn.
— Albert Bodson
Rendez-vous rapide et efficient. Bonne compréhension
des besoins. Bonnes questions qui ont conduit à de nouvelles pistes
de réflexion intéressantes.
— Jacques Klein

 
 

Dekoratioun an Amenagement: Schléisst Äre Projet erfollegräich of


Kommt Dir net wieder mat Ären Iwwerleeungen? Wësst Dir net wou ufänken?

Bei engem Dekoratiounsprojet oder dem Amenagement vun engem Raum, steet en dacks virun zwou groussen Erausfuerderungen: Mangel un Zäit an doduerch Onsécherheet wann et drëms geet eng Entscheedung ze treffen. Mir kënnen Iech hëllefen.

Eisen Homestyling Service bitt strategesch Ënnerstëtzung beim Bau oder der Renovatioun vun Ärem Doheem. Mir ënnerstëtzen Iech bei Ärem Projet an hëllefe bei der Auswiel vu Plättercher oder Parquet, bis zu de Faarwe vun de Maueren an der Beliichtung. Mir kucken ons zesummen un, wou grad Är gréissten Erausfuerderung läit a wou Dir mat Ären Iwwerleeungen dru sidd. Wärend dem Berodungstermin versiche mir all Är Froen ze beäntweren an Iech ze guidéieren, sou dass Dir mat ärem Projet weiderkommt.

Entdeckt eisen neie Service »Homestyling«


Dir kritt vun eis eng professionell Berodung bei engem perséinlechen zwou Stonne Rendez-vous. Mir deelen eist Wëssen an eis Erfarung mat Iech, fir Äre Projet zu engem Succès ze maachen. Wa gewënscht, komme mir op d’Plaz fir de Raum ze analyséieren an Iech Iddien ze ginn. Mir kënnen dann zesumme kucken ob Är Wënsch zu deem neien Interieur sech an Ärem Raum realiséiere loossen.

 
 

 

01.
Formule
Homestyling Basic

1 Consultatioun
Dauer 2 Stonnen
Videokonferenz 
Präis: 480 € TTC

 

 

02.
Formule
Homestyling Basic Plus

1 Consultatioun op der Plaz
Dauer 2 Stonnen
Deplacement zu Lëtzebuerg
Präis: 550 € TTC

 

 

03.
Package
Homestyling Complet

Konzeptioun & Iddien op engem 2D Plang
Moodboard & Propositioun vu Materialien a Faarwen
2 3D-Visualiséierungen
2 Consultatiouns-Rendez-vousen

 
 

 

04.
Package
Homestyling De Luxe

Konzeptioun & Iddien op engem 2D Plang
Beliichtungskonzept
Moodboard & Propositioun vu Materialien a Faarwen
4 3D-Visualiséierungen
2 Consultatiouns-Rendez-vousen

 
 

Reservatiouns- an Annulatiounspolitik: 
Am Fall vun enger Annulatioun, gitt eis w.e.g. 4 Deeg am Viraus Bescheed.
Am Fall vun enger Annulatioun vun eiser Säit, gëtt sou séier wéi méiglech en neie Rendez-vous proposéiert.


 
 
 
 
Passionnée et à l’écoute, Sandra est intervenue à un moment clef de mon projet de rénovation.
Ses précieux conseils en Homestyling et son expérience se sont révélés indispensables dans l’aménagement de mon triplex.
Nous avons non seulement travaillé sur l’agencement des pièces mais aussi sur le mobilier, les couleurs et les matières.
— François Clemence
De manière générale nous avons apprécié ce rendez-vous.
Vos conseils et suggestions vont nous être très utiles.
— Emmanuel D’ALMEIDA
Dir hutt eis gudd Tuyaux’en gin, a mir wäerten déi vun Iech proposéiert »Moodboards« erstellen.
— Aly & Nicole Kohnen-Schuh
blue-back-04.jpg