Iwwert d’Sandra


 
 

D’Faszinatioun fir dëse Beruff koum bei mir scho ganz fréi. Schonn als klengt Meedchen hunn ech mäi Grousspapp a mäi Papp op Chantiere begleet, meng Aen hu vu Bewonnerung a Virwëtz gefonkelt. Ze gesi wéi eng Iddi sech an eng Zeechnung verwandelt fir da Realitéit ze ginn, hat fir mech eppes Magesches.

Nodeems ech meng Études d’éducation artistique am Iechternacher Lycée classique ofgeschloss hat, huet mäi Wee mech op Bréissel a London bruecht, wou ech eng Spezialisatioun am Mobilier et Agencement an am Interior Design gemaach hunn. Ech hunn 2003 an der Fachhochschule Trier mäin Diplom an der Innenarchitektur (Diplom Ingenieur / Fachbereich Innenarchitektur) gemaach.

Zréck zu Lëtzebuerg hu meng berufflech Ufäng mir erlaabt eng zolidd Erfarung am Amenagement vu Büroen, Banken, Restauranten, Hoteller a Privathaiser ze kréien.

Haut ass meng Faszinatioun fir Design ëmmer nach intakt an ech sinn all Dag erstaunt vun allen Aflëss, déi eis ëmginn. Ambiance kreéieren, mat Formen a Faarwe spillen ass meng Leidenschaft ginn. Eng Iddi a Realitéit ëmzesetzen ass eng richteg Erausfuerderung, déi engem eng grouss Zefriddenheet bréngt an ech si frou, haut mat Partner zesummenzeschaffen, déi all hiren Knowhow deelen fir e Projet, eng Visioun, en Dram ze realiséieren ...

Fir mech bedeit Innenarchitektin ze sinn, Leit ze hëllefen hir Iddien ze konkretiséieren an hir Dreem ze liewen an dobäi zäitlos Interieuren an Ambiancen ze schafen déi eis Freed maachen.

 

SANDRA KAPP
Member vum OAI — Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils du Grand-Duché de Luxembourg

 

IWWERT EIS


 
 

Amenagement vun Interieuren


Den Interieur vun Ärem Heem, Büro oder Geschäft ze amenagéieren ass eng ganz perséinlech Saach, awer mat all de Choixen, déi engem zur Verfügung stinn, kann et heiansdo schwéier sinn, sech erëmzefannen.

Ze vill Informatiounen, ze vill Fotoen, ze vill Choixen ... Wéi ee Revêtement fir de Buedem, wéi eng Faarf fir d’Maueren, wéi eng Buedzëmmermiwwelen ... a wat fir eng Beliichtung?

Mir stinn Iech zur Verfügung fir Är Wënsch ze erfaassen an Iech bei Äre Choixen ze hëllefen.

 
 
 

Miwwel Design


Et ass heiansdo néideg, Miwwelen op Mooss ze maachen, déi sech besser Ärem Raum upassen, déi d’Plaz maximiséieren a sech optimal an Ärem existenten Amenagement integréieren.

Zesumme kreéiere mir eenzegaarteg Piècen, Miwwelen no Ärem Goût an un Är Besoinen ugepasst. Nodeems mir d’Zeechnunge mat Iech entwéckelt hunn an d’Materialien a Faarwen erausgesicht hunn, realiséiert e spezialiséierte Schräiner d’Miwwelen.

 
 
 

Renovatiounen


Gutt Virbereedung ass ganz wichteg bei Renovatiounsprojeten.

Wann Dir d’Pläng vun Ärem Heem net hutt, kënne mir alles ausmoosse loosse fir d’Transformatiouns-Méiglechkeeten ze analyséieren an domat besser d’Potential vun Ärem Raum ze gesinn.

 
 
 

Gestioun vu Projeten


Egal ob et ëm eng Transformatioun oder nei Konstruktioun geet, d’Gestioun vun engem Projet hëllt vill Zäit an Usproch. Allerdéngs ass et als Bauhär dacks schwéier esou e Projet an dat alldeeglecht Liewen ze integréieren.

Mir këmmeren eis och ëm Ufroe vu Präisser an ëm d'Organisatioun vum Chantier mat den Handwierker, wann dat gewënscht ass.

 
 
 

Opraumen an aussortéieren mat Method


Visibel Uerdnung huet e positiven Effekt op eist Wuelbefannen. Mir beroden Iech gären iwwer Zoom Call oder weisen Iech sur place wéi een Uerdnung erstellt an hëllefen Iech déi passend Miwwelen dofir erauszesichen.

»Wann Dir Iech nëmme mat Saachen ëmgitt, déi Iech glécklech maachen, sidd Dir glécklech an Ärem Haus an an Ärem Liewen.« Marie Kondo